Projet d’établissement « READY »

De Projet d’établissement « Ready” aus dem Lycée Mathias Adam huet sech zum Zil gesat, un der Lieskompetenz vun de Schüler*innen am Allgemengen, awer besonnesch am Däitschen ze schaffen.

Leider ass et fir vill Leit hautdesdaags, net nëmme fir Jonker, keng Gewunnecht méi, zu engem Buch, enger Zäitschrëft oder enger Zeitung ze gräifen, egal ob digitaliséiert oder gedréckt.

Dobäi ass d’Liesen eng wichteg Kompetenz, fir eegeverantwortlech am Liewe kënnen ze agéieren.

D’Schoul bréngt de Kanner zwar liese bäi, mee d’Freed um Liese kënnt bei villen net op, an dat ka verschidden Ursaachen hunn: Vläit ass den Text/d’Buch dem Niveau vum Schüler oder der Schülerin net ugepasst oder d’Theema interesséiert hien/hatt guer net. Vläit ass et ongemittlech an der haarder Bänk ze sëtzen, fir laang an der Klass ze liesen oder eventuell gouf den Text/d’Buch an der Klass och einfach ze vill beschwat, sou dass keng individuell Ausernanersetzung méi méiglech war. Vläit ass d’Nott am entspriechenden Test frustréierend ausgefall oder aner Viraussetzunge stëmmen net, sou dass d’Loscht um Liese ville Kanner a Jugendlechen am Laf vun hirer Schoulcarrière vergeet, ier se wierklech gefestegt gouf.

An do wëlle mir als Projet d’établissement usetzen. D’PE-Membere sinn an hire Fonctiounen als Bibliothecaire, Konscht- oder Däitschenseignant(e) dovun iwwerzeegt, dass liesen net nëmme Spaass mécht, mee och a villen Hisiichten eng Beräicherung ass, an dass mir als Projet an als Schoul musse probéieren, dee Spaass bei de Schüler*inne waakreg ze këddelen.

Dofir hu mir am Laf vun der Prephas am Schouljoer 2022/2023 e gemittleche Liessall ageriicht, deen d’Enseignanten elo säit Ufank vum 1. Projetsjoer kënne reservéieren, fir sech wärend hirem Cours mat enger Klass der Lektür ze widmen. D’Schüler*inne wäerten dee Sall awer och an Zukunft an der Mëttespaus opsiche kënnen (ënnert der Surveillance vun engem Enseignant), fir sech an engem entspaante Kader hirer Lektür hinzeginn.

 

 

D’Liesen am Däitschcours vum Cycle inférieur soll duerch de PE fir d’Schüler*inne méi partizipativ ginn, sou dass si méi Choix kréien, wat si zu engem zesumme festgeluechten Theema liese wëllen, egal ob dat eng Kuerzgeschicht, eng BD oder e Reportage zum Theema ass.  Hir Lektür soll dann awer net wéi bis elo meeschtens am Lycée zu enger Nott féieren, mee zu enger méi perséinlecher Ausgestaltung, sief dat elo eppes éischter Artistesches (Bild, Collage…) oder eppes Informatives (Rezensioun, Kommentar…).

Fir d’Liesmotivatioun bei de Schüler*inne vum Cycle inférieur ze fërderen, wäert d’Madamm Tina Kemnitz an deenen 3 Projetsjoren jeeweils am Oktober de Schüler*innen eng Buchpräsentatioun maachen an de Sproocheproffen eng Formatioun zum Theema Liesfërderung ubidden.

Och ausserhalb vum Däitschcours wäert de PE “Ready” d’Opmierksamkeet vun der ganzer Schoulcommunautéit méi op d’Liese lenken, andeem an der Education artistique Konschtwierker zum Theema “Buch” erschaf ginn, déi am Lycée opgestallt an doduerch valoriséiert ginn. Och aner visuell Reizer wéi Poet-Trees, Postere mam Cover vun interessante Bicher, d’Projektioun vum Lieszitat vun der Woch, e Lies-Selfie-Kontest o.Ä. wäerten d’Schüler*inne fir d’Liese sensibiliséieren. Am Laf vum Schouljoer 2023/2024 wäert de 7e-Schüler*innen d’Méiglechkeet gebuede ginn, un enger thematescher Liesnuecht deelzehuelen. An dat grousst Zil vum PE an dësem Schouljoer wäert sinn – ausser de Schüler*innen e puer flott an encadréiert Lieserliefnisser ze erméiglechen – dass déi ganz Schoulcommunautéit am Kader vun der “Journée du livre” am Abrëll dozou motivéiert ass, kollektiv wärend 30 Minutten ze liesen.

Änlech kleng a grouss Liesevenementer wäerten dann am Laf vum 2. an 3. Projetsjoer de 6e- an de 5e-Schüler*innen ë.a. am Kader vum Däitschcours ugebuede ginn, respektiv déi ganz Schoulgemeinschaft mat abezéien, sou dass um Enn vum Projet “Ready” d’Liese bei enger Rei Schüler*innen net méi op Ofleenung stéisst, mee hinne souguer Spaass bereet, wouduerch am Idealfall och eng Verbesserung am sproochlechen Ausdrock erreecht gëtt.

Projetsmemberen

ATTEN

Manon

HENGESCH

Martine

HRKIC

Naida

HUMBERT

Adrienne

SCHANEN

Mandy

KLEIN

Anne

LANG

Laurent

LINSTER

Ben

THEISEN

Laurence